Change Edition

Mellt Iech op autisme@fal.lu!

Dir sidd an enger fester Bezéiung mat enger Persoun aus dem autistesche Spektrum a wëllt gäre méi iwwert hiren Handicap erfueren, fir hir am Alldag besser kënnen entgéint ze kommen? Dir wëllt verschidde Verhalensweisen a Reaktioune vun hir besser verstoen an eventuell problematesch Situatiounen, déi zu Reiziwwerflutunge féiere kéinten, virbeugen? Da mellt Iech op autisme@fal.lu a mir hëllefen Iech, zesumme Strategië fir e bessert Matenee wärend dem Bezéiungsalldag ze fannen!


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #Bezéiungen #Partnerschaft #Appel #Ënnerstëtzung