Change Edition

MELLT IECH BEI DER FONDATION AUTISME LUXEMBOURG!


All Joers organiséiert d'Fondation Autisme Luxembourg eng Rëtsch u Vakanzewochen am Summer fir Persoune mat Autismus (Kanner, Jugendlecher an Erwuessener). Fir eng beschtméiglechst Betreiung wärend dëse Woche bidden ze kënnen, si mir op d’Hëllef vu sëllegen fräiwëllege Vakanzebegleeder ugewisen. Am Moment si mir nach op der Sich no Persounen, déi Loscht an Zäit hunn, eisen Educateure wärend dëse Vakanzen, déi gréisstendeels an Holland stattfanne wäerten, ënnert d’Äerm ze gräifen.


Du bass mindestens 18 Joer al a fills dech fir genau dës Missioun ugesprach? Da mell dech per Mail un loisirs@fal.lu! Wärend enger Vakanzewoch bass du den Uspriechpartner fir eng Persoun mat Autismus an erméiglechs hir eng wonnerbar Auszäit aus hirem Alldag. Maach dech prett dofir, eng wäertvoll Erfarung mat aussergewéinleche Mënschen ze erliewen!


Mir soen MERCI fir all Ënnerstëtzung.


#FAL #Luxemburg #ËMMERDO #Autismus #fräiwëlleg #Vakanzebegleeder #Ënnerstëtzung