Change Edition

E Bléck hannert d'Kulissen

Mir si frou, ze gesinn, dass sech eis nei Beneficiairen an hirem neien Doheem wuel fillen an sech och einfach mol zréck leene kënnen. Wat een allerdéngs op den éischte Bléck net gesäit, ass déi ganz administrativ Aarbecht, déi hannert hirem neien Doheem stécht. Den Dagesoflaf beschreiwen, d'Verbindung tëschent den eenzelen Aarbechtsschichten hierstellen, de Kontakt mat de Familljen, a villes méi muss vun eisem Team organiséiert ginn. Eis Ekippe bestinn aus professionelle Leit mat vill Experienz, déi dat richtegt Fachwëssen ëmsetzen esou dass sech all Residente vun der Fondation Autisme Luxembourg wuelfillen an sech gutt entwéckele kënnen. Ouni eng gewësse Struktur wär et net méiglech, hinne laangfristeg dat beschtméiglechst Liewe kënnen ze bidden.


#FAL #ËMMERDO #Luxembourg