Change Edition

Den neien Foyer vun der FAL hëlt lues a lues seng Struktur un

Lues awer sécher hëlt den neie Foyer an eiser Wunnstruktur zu Commune de Rambrouch seng Struktur un: Wéi Dir op folgende Fotoen erkenne kënnt, ass den nächste Schrëtt bis zur Ouverture vum Foyer 6 den Opbau vun de Miwwelen an den eenzelen Zëmmeren.


Mir wëllen dës Geleeënheet dofir notzen, fir dem Möbel Alvisse an seng professionel Equipp fir hir Ënnerstëtzung bei dësem Schrëtt Merci ze soen.


Mir freeën eis schonn drop, virausgesat dass alles gudd ofleeft, am Oktober 6 neie Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung an dësem Foyer en neit Doheem kënnen ze bidden.


#autisme #fal #luxembourg #ëmmerdo