Change Edition

De Weltautismusdag steet virun der Dier!

Save the Date!


Et ass erëm souwäit: De Weltautismusdag, deen all Joers den zweeten Abrëll stattfënnt, steet virun der Dier!


Hëlleft eis dobäi, déi breet Ëffentlechkeet iwwert Autismus ze sensibiliséieren:


- Maacht bei der Campagne „Light It Up Blue“ mat, andeems Dir Iech deen Dag blo un dot an Är Kolleegen dozou motivéiert, dat selwecht ze maachen.

- Post deen Dag selwer op Äre soziale Reseauen eng Foto oder e Message mat folgenden Hashtagen: #ËMMERDO #FAL #autisme

- Deelt eis Informatiounen, déi mir zu dësem Ulass op eise sozialen Netzwierker posten, mat Äre Facebook-Frënn an hëlleft eis soumat, op dësen Dag opmierksam ze maachen!


Op eisem Internetsite www.fal.lu souwéi op eise soziale Reseaue fannt Dir all weider Aktiounen, déi fir de Weltautismusdag geplangt sinn.


#ËMMERDO #FAL #Lëtzebuerg #Autismus #Weltautismusdag #Sensibiliséierung