Change Edition

D'Fondation Autisme Luxembourg an der Vakanz

Säit dëser Woch hunn eis Vakanzekolonië fir Persounen mat Autismus nees ugefaangen: vum 25 bis den 31 Juli ass den éischte Grupp vun eise Beneficiairen zesummen mat eiser Begleedungsekuipp, bestoend aus eisem edukativen Team an eise fräiwëllegen Vakanzebegleeder, zu Burgh-Haamstede op der holländescher Küste. Mir wënschen hinnen eng schéin an erhuelsam Vakanz, natierlech alles am respektvollem Ëmgang mat de virgeschriwwene Sécherheetsmoossnamen.


#autismus #lëtzebuerg #ëmmerdo #vakanz