Change Edition

Citytrip mat der FAL


NORIICHT UN ALL ERWUESSENEN MAM ASPERGER-SYNDROM


Vum 7. bis den 9. Mee organiséiere mir en Citytrip zu Stroossbuerg fir Erwuessener mam Asperger-Syndrom. Et geet vum Kierchbierg aus mam Minibus dohin an d’Theema vun deenen dräi Deeg ass „Kultur“.


Fir dëse Citytrip sinn nach Plaze fräi! Wann s du also mindestens 18 Joer al bass a Loscht hues, zesumme mat enger flotter Ekipp déi schéinste Plaze vu Stroossbuerg ze entdecken an déi wichtegst kulturell Sehenswierdegkeete vun dëser Stad ze besichen, da maach ganz einfach e Mail un loisirs@fal.lu. Hei kriss du all néideg Informatiounen zu denger Umeldung!


Weider Informatiounen ënnert: https://www.fal.lu/evenements/agenda/33795/


#FAL #Lëtzebuerg #ËMMERDO #Citytrip #Stroossbuerg #Autismus