Change Edition

Dese Weekend: Klengdéieren Expo zu Boermereng am "Centre Comice"

Dëse Weekend invitéiert Iech den Cercle Avicole Mondorf op hier eischt Klengdéieren-Ausstellung am Centre Comice zu Boermereng.

E Samchdeg ass d'Expo vun 10.00 bis 21.00 Auer op

E Sonndeg vun 09.00 bis 17.00 Auer.

E Freideg den Owend wor déi offiziell Ouverture.

Den Präsident vum Cercle Avicole Mondorf konnt nierft dem offiziellen Vertrieder vum Dachverband, der USAL, den Joé Vrehen och vill Schäffen a Gemengeconséillien aus den Gemengen Schengen an Mondorf begréissen.

Donierft haten sech ganz vill Leit afond.

Den Präsident vum CAM, Robi Beissel, huet Schluss vun senger Usproch och divers Lauréaten ausgezeechent.

Bei der Jugend goufen e.a. geéiert: Frédéric Beissel, Enzo Schumacher, Philipp Schumacher, Florent Beissel, Jaeger Anne-Kathrin, Claire Bichler, Amélie Beissel, Anica Beissel, an Chiara Schumacher.

Bei den Erwuessenen:

Patrick Muller, Romain Sadler, Carlo Schumacher a Robi Beissel.