Change Edition

D'Equipe huet séng Leit an säi Programm virgestallt

Virun gutt 50 Leit huet d'Equipe "Matt Kompetenz an d'Zukunft" ronderëm de Spëtzen-Kandidat Roger Weber, zu Boermeréng hir eenzel Kandidaten an d'Eckpunkter vun hirem Programm presentéiert.
De Buergermeeschter vun der Gemeng Boermeréng, Ben Homan, huet d'Leit begréisst an sech erfreet gewisen, dat trotz dem "Summerwieder" sech eng Rei Leit am Centre Maus Ketti afonnt hunn, an sech fir Walen an domadder fir d'Zukunft vun hirer Gemeng interesséieren.
Nodeems di eenzel Kandidaten sech de Leit virgestallt haten, huet dunn de Roger Weber duerch de Programm vun der Equipe gefouert.
Duerno konnten d'Bierger Froë stellen, an e koum zu engem flotten an interessanten Meenungsaustausch.

D'Wieler kruten och Informatiounen, wéi den 9. Oktober an den 3 Walsektiounen muss gewielt ginn (kuckt den PDF "Esou wielt ee richteg").

Di nächst Walversammlungen vun der Equipe sinn den 3. Oktober zu Bech-Maacher an den 5. Oktober zu Remerschen.

More news by Equipe "Matt Kompetenz an d'Zukunft" >