Change Edition

Branebuurger Maart an neier Form den 21. Juli 2019

21
Jul
2019

elo als „Musik a Maart“ zu Branebuurg.

No engem Jar Paus hun séch ënnert dem Impuls vum Sängerbond Helvetia 4 Veräiner: d´Baastenduerfer Musik, den Syndicat d´Initiative Baastenduerf, d´Landjugend Furen an de Sängerbond Helvetia aus der Gemeng Tandel zesummefonnt, fir de beléifte Branebuurger Maart an neier Form rëm opliewen ze loossen. Als Partner stinn, wéi bäim fréiere Branebuurger Maart, d´Gemeng Tandel an den Naturpark Our zur Säit.

- Kleng awer reng, eng 20 bis 25 interessant Maartstänn aus de Beräicher: -Konst, -Musik a kulinarisch Spezialitéiten aus der Regioun ronderëm de Festsall

- Fir Iessen a Gedrénks aus der Regioun suergen déi 4 Veräiner, dobäi soll kee Plastikmüll entstoën.

- Fir d´Kanner ass op der Spillplaatz iwwerwaachten Animatioun organiséiert. Et soll ee familljefrëndlicht Fest ginn.

- Fir d´Musiker, déi den Daag iwwer optrieden ass eng Bühn mat Tounanlag organiséiert.

Musiksprogramm

11:30 Auer: Piazza-Band
Concert-Apero vum bekannte Bléiserensembel mat Pop, Swing a Polka a frëscher Opmaachung.

14:00 Auer: Veiner Musik
Vun Allem a vir Jidwereen ënnert der Direktioun vum Marcel Richards

15:00 Auer: crush?! - vocal band from Luxembourg
9 Fraen, 1 Beatboxer an all mat engem Mikrofon: sou präsentéiert séch d´ A Cappella Formation crush?!. Mat Rhythmus a Gefill interpretéiren si op eng modern Art Popsongs ganz ouni Instrumenter.

16:00 Auer: Serge Tonnar & Legotrip
Si erziele mat groussem Erfolleg Geschichten vun hei an elo an der Sprooch vun hei an elo a sichen ëmmer nees nei Weeër fir de Publikum op ongewinnte Plazen, mat ongewéinleche Kläng z'iwwerraschen.

17:00 Auer: Drife
„Éis“ lokal Jugendrockband, si schléissen d´Musiksfest of mat staarke Melodien a positiven Texter am 90er-Rocksound an daat mat villen Eegekompositiounen.

Den Entrée fir dësen Evenement ass fräi!!!