Change Edition

An neier Form, de beléifte Branebuurger Maart als „MUSIK a MAART“

21
Jul
2019
21 Jul

Hei de Musiksprogramm vum klenge „Festival


11.30 Auer:

Piazza-Band

Concert-Apero vum bekannte Bléiserensembel mat Pop, Swing a Polka an enger frëscher Opmaachung


14.00 Auer:

Veiner Stadmusik

Vun allem a fir jiddwereen ënnert der Direktioun vum Marcel Richards


15.00 Auer:

Crush?!

vocal Band from Luxembourg

9 Fraen, 1 Beatboxer an all mat engem Mikrofon: sou presentéiert sech d´A Cappella Formatioun crush?!. Mat Rhythmus a Gefill interpretéiere si op eng modern Aart Popsongs ganz ouni Instrumenter.


16.00 Auer:

Serge Tonnar & Legotrip

Si erziele mat groussem Erfolleg Geschichte vun hei an elo an der Sprooch vun hei an elo a sichen ëmmer nees nei Weeër fir de Publikum op ongewinnte Plazen, mat ongewéinleche Kläng, z'iwwerraschen.


17.00 Auer:

Drife

“Éis” lokal Jugendrockband, si schléissen d´Musiksfest of mat staarke Melodien a positiven Texter am 90er-Rocksound an dat mat villen Eegekompositiounen.