Change Edition

Fréijoerbotz an der Gemeng Bous

Bous

Wéinst de CORONA-Bestëmmungen war 2020 déi traditionell Fréijoersbotz, déi all Joer vun der lokaler Ëmweltkommissioun organiséiert gëtt, ausgefall. Dëst Joer huet d’Ëmweltkommissioun awer nees zesumme mat den Duerfveräiner den Dreck laanscht d'Trëppelpied, d'Feldweeër an d'Landstroossen agesammelt. Déi aktuell sanitär Aschränkungen sinn dobäi natierlech strikt agehale ginn. Nach eng Kéier e grousse Merci un all déi Fräiwëlleg.