Change Edition

Zesumme Spillen!

30
Mar
2019
30 Mar

D'Kulturkommissioun vun der Gemeng Bous invitéiert op "Zesumme Spillen!" Dëst ass en Event, dat jonk an aal mateneen verbënnt.


Vun 14 Auer un kann zesumme gespillt ginn, sief dat mat de Kaarten, Gesellschaftsspiller, Brietspiller, Spiller aus Holz fir eis Kléngst oder Videospiller.


D'Spiller gi vun den asbl'en Ludoland Dudelange, Social Gaming Luxembourg an videogames.lu zur Verfügung gestallt. Och derbäi si Schüler aus dem Escher Jongenlycée mat hierem Spill GetReady!


Fir den Honger an den Duuscht suergt d'Bouser Elterevereenegung mat Gedrénks, Kuch a Bréidercher a vun 17 - 21 Auer kritt een eng gutt Bouneschlupp zervéiert.


Gespillt gëtt am Sport- a Kulturzenter an der Stadbriedemesserstrooss an den Entrée ass fräi.