Change Edition

Den Yves Olinger huet d’Wei zum Diakon emfaangen

An der Bouneweger Kierch “Maria Kinnigin vum Fridden” huet sech d’kathoulesch Communautéit versammelt fir bei enger grousser Feier dobäi ze sinn, wann den Yves Olinger d’Wei zum Diakon emfängt.

Den Abbé Patrick Müller, Präses vum Grand Séminaire vu Lëtzebuerg, stellt dem Äerzbëschof de Kandidat vir: Den Yves Olinger, 40 Joer al, ass vun Iitzeg. No der Première am Stater Atheneum huet hien am ISERP studéiert. 13 Joer laang huet hien an der Stad an dat gréisstendeels zu Bouneweg Schoul gehalen.

No engem Theologiestudium zu Paräis an zu Boston mecht hien zënter dem September ee Stage an der Par Wooltz Hl. Péiter a Paul.

A senger Priedegt huet de Monseigneur Hollerich d’Wichtegkeet vum Gebied ënnerstrach an dem Här Olinger un d’Häerz geluegt, sech am Gebied grad wéi am Déngscht vu senge Matmënschen ze üben. Dat gëllt awer och fir all d’Chrëschten, déi aus der Sonndesmass Kraaft an Inspiratioun fir hiirt alldeeglecht Liewe schäffen, fir an hirem Liewen dem Message vu Christus eng Plaz ze ginn.

Nom “Veni, Creator Spiritus” engagéiert sech den Diakon-Kandidat fir mat der Hëllef vum Härgott nom Viirbild vu Christus ze liewen, an hie versprécht dem Äerzbëschof a sengen Nofolger Respekt a Gehorsam.

Mat der Allerhellege-Litanei, virgedroe vum Jij Linster-Besch, ginn Hëllef an Fürbitt vun allen Hellegen erbied ier de Monseigneur Jean-Claude Hollerich dem Yves d’Hänn opleet an d’Weihe-Gebied seet.

Den neien Diakon kritt d’Stola an d’Dalmatik, Zeeche vu senger Missioun als Diakon, ugedoen an d’Evangeliar iwwerreecht.

Mam Friddensgrouss ginn dem Yves Olinger déi fréier Geeschtlech zu Bouneweg an aner Confrèren d’Zeechen dovunner, datt hien elo an hirem Kreess opgeholl ass.

Um Enn seet den Här Olinger all deene Merci, déi hien um Wee bis heihinner begleet an ënnerstëtzt hunn. Hie brauch och an der Zukunft Ënnerstëtzung duerch Gebied a Begleedung.

Déi feierlech Mass ass musikalesch encadréiert vun der Chorale Ste Cécile vu Bouneweg, vun der portugiesescher Chorale, vum Jugendchouer “Joyful” a vum Organist Patrick Colombo.