Change Edition

TRIO INVERSO zu Béiwen/Atert

Männerchouer Béiwen/Atert
Sonndeg, 25. Mee 2014 an der Kierch zu Béiwen/Atert
Gelongene Concert offréiert vun engem neie lëtzebuerger Instrumental-Ensemble
dem “TRIO INVERSO”
Trotz Wahlsonndeg, Schlussprëssessioun an der Oktav a schéinem Wieder hu sech vill interesséiert Nolauschterer de leschte Sonndeg um 17.00 Auer zu Béiwen an der Kierch getraff, fir den éischten offizielle Concert zu Lëtzebuerg vun dësem jonken, talentéierten Trio matt ze erliewen.
Den Trio Inverso (Joëlle Wiseler, Saxophon – Jeff Mack, Trompett – Claude Kraus, Piano) ass am Abrëll 2011 am Kader vun enger Kompositiouns-auditioun am Conservatoire du Nord entstanen. Duerno koumen Optrëtter am In- an Ausland, beispillsweis an der Lëtzebuerger Philharmonie oder och zu Maastricht an Holland. Am Dezember 2012 hu si zesummen mam Kannerchouer “Heischter Gënzebléien” e Kannermusical opgefouert.
Um Programm stoungen original Kompositiounen fir dës speziell Formatioun,déi zum Deel vum Pianist Claude Kraus selwer komponeiert goufen (« Panneaux d'un chantier »).
Déi dräi jonk Museker hunn trotz enger technesch exigenter Musek mat Brio gewosst hier Nolauschterer alleguer mat enger engagéierter Prestatioun an déi flott Welt vun der Musek eran ze zéien. De groussen Applaus um Schluss huet dëst kloer ënnerstrach. Hinnen e grousse Merci, dass sie bei eis woaren.
Männerchouer Béiwen / Atert
Nächste Rendez-vous mam « Trio Inverso » : 28/06/2006 op der « Nuit des Légendes » zu Esch/Sauer