Change Edition

Ouverture vum „Cabinet paramédical“ zu Béiwen un der Atert

E Freideg den 23. Februar gouf a Präsenz vum Gemengen- a Schäfferot vun der Gemeng Helperknapp, de neien « Cabinet paramédical » zu Béiwen un der Atert, vun den zwou liberal schaffent Infirmièren Pascale Bernardo-Berna an Stefanie Edert-Block ageweit.

Nieft der haaptsächlecher Aarbecht am ‘Soins à domicile’ ënnert dem Numm DOHEEM KURÉIERT, wëllen d’Pascale an Stefanie op Nofro hin, de Leit erméiglechen déi selwecht Soins’en (z.Bsp. : Verbandwiessel, Piqûren, Perfusiounen, etc) an hirem Cabinet unzebidden. Dëst natierlech just op Rendezvous an mat enger Ordonnance vum Dokter.

Nodeems Pascale an Stefanie während ongeféier 15 Joer genuch Erfarung an verschiddenen Servicer an der Klinik sammelen konnten, hu Si Decisioun geholl sech als „Infirmière liberale“ selbststänneg ze maachen. Esou kënnen Si de Leit ouni Zäitdrock an ëmmer mat engem oppenen Ouer, déi Fleeg ginn di se brauchen.