Change Edition

Lidderowend 2016 vum Männerchouer

15/10/2016 : Lidderowend 2016 vum Männerchouer Béiwen/Atert
mat neier Dirigentin an engem gutt gefëllte Sall.

En dankbart Publikum, dat mat Applaus net gespuert huet, féiert de Männerchouer Béiwen/Atert duerch hiren dësjährege Lidderowend.

Iwwer 280 Leit hunn op dem Béiwener Männerchouer seng Aluedung positiv reagéiert .

Dëst Joer hunn fir d’Éischt de Club des Jeunes vu Béiwen/Atert am Service matgehollef. Dofir hinnen ee grousse Merci.

No enger, schonn traditioneller, gudder Assiette - gemaach ënner der Regie vum Kach a Sänger Jean-Claude Mathekowitsch an den Damme vum Veräin konnten déi Béiwener Sänger hier Lidder virun engem volle Sall presentéieren.

Zënter Mëtt vun dësem Joer huet beim Männerchouer Béiwen/Atert d’Madame Marguerite Thomé-Schmit d’Direktioun iwwerholl.
Si gëtt musikalesch ënnerstetzt um Piano vun der Madame Christiane Parries-Schiltz a vum Daniel Mujzer deen de Chouer dann am drëtten, Lëtzebuergeschen Deel och um Accordéon begleet.

Zum Programm vum Owend.

Dëst Joer huet d’Madame Tania Pelaie, eng jonk Damm aus dem Club des Jeunes vu Béiwen/Atert, mat kuerzer an däitlech-presentéierter Textbegleedung duerch de Programm gefouert.
---------------------
Den 1ten Deel huet mat folgenden däitsche Lidder „Sing mit mir - Auf das Leben - Ungarischer Tanz n°6 - Ich glaube - Weit, weit weg - Vater Unser – Wunderbar“ duerch ganz verschidden, mol lëschteg, mol nodenklech awer ëmmer liicht- a flottklengend Lidder gefouert.

Duerno huet den Här Buergermeeschter Paul Mangen, zesumme mat dem Här Robert Mamer, Vizepresident vun der UGDA, folgend Sänger fir hiirt musikalescht Engagement belount.

•Den Här Benoît Perrad: Médaille en or Grand-Duc Adolphe avec Palmette fir 60 Joer.
•Gilbert George: Médaille de mérite en vermeil fir 10 Joer
• Serge Loos: Médaille de mérite en vermeil fir 10 Joer
------------------------
An der Paus, bei Kaffi a Kuch, gëtt dann eng wonnerschéin Tombola de Gäscht ugebueden.

2. Deel „Daniel in Concert“.

De jonke Pianist Daniel Mujzer spillt hei 4 Wierker, 2 aus dem 19te Joerhonnert: vu Johannes Brahms an Felix Mendelssohn an 2 aus dem 20te Joerhonnert vu Ludovico Einaudi a vun Hans Zimmer & Klaus Badelt.
Um grouss opgeklappte Klavéier ass hien sou iwwerzeegend, dass seng Prestatioun mat enger „Standing Ovation“ vum ganze Sall belount gëtt .

3. Deel: Lëtzebuerger Lidder

Am leschten Deel vum Owend ginn dann nach Lëtzebuerger Lidder“ vum Béiwener Männerchouer a lockerer Kleedung beim Patt um Dësch op der schéiner Bühn „Klenge Bistro“ virgedroen.

Nieft lauter bekannte Melodien, déi sécher derzou agelueden hunn als Nolauschterer mat ze summen oder mat ze sangen, wéi – Nu loosst mer sangen – „De schéine Poli“ (Solist: Poli Koob) a „Rouse vu Lëtzebuerg“ - kënnt dann e weidere musikaleschen Héichpunkt am Owend: Éischtopféierung vun dem Lidd „De Panorama Lift“
Dëst flott Lidd op d’Weis vum „D'Lidd vum Théiwesbuer“ staamt aus der Fieder vun der Madame Eliane Lothritz, och als Gaascht präsent am Sall.

Speziell fir dës Éischtopféierung gouf vu fläissege Sänger, dank grousser Mathëllef vum Sänger Jos Regenwetter e Lift an d’Bühn vum Owend mat agebaut an deem, während dem Lidd, eng fein, schick Dämmchen mat Prabbeli, Hutt a Schoussmippchen aus dem Pafendall, gespillt vun der Madame Christiane Parries-Schiltz, ënner haardem Applaus vum Publikum eng Kéier 3 Meter héich erop an erof gefouert gëtt.

Duerno ginn nach „De gekachte Kéis“ an als offiziellen Ofschloss „Drénkt Miseler Wéngchen“ (Solist: Jos Wildgen) vum Chouer gesongen.

No dräi weideren Zugaben
- Kettche, Kettche - Kommt mir huelen nach een - , eng 2. Kéier (op Spezialwonsch vum Publikum) „De schéine Poli“ a schliisslech „Un der Atert“ -
seet de President vum Männerchouer Béiwen/Atert, André Loos nach eemol Allen villmools Merci, déi sech, duerch hir fläisseg Hänn, all Joer nees op e neits fir d'Gelénge vum Béiwener Lidderowend asetzen.

Hien invitéiert och all Leit am Sall fir Samschdes den 3ten Dezember 2016 an d‘ Kierch op Béiwen/Atert ze kommen, wou dem Männerchouer seng Gäscht
„Ensemble Vocal VIVACE“
vu Nidderkäerjeng
(www.vivace.lu)
ab 20.00 Auer
e Concert wäerte sangen.
Hei ass fräien Entrée

www.maennerchouer-beiwen.lu

Fotoen: Kelly Weber
Text: Jos Wildgen