Change Edition

Gelongene Lidderowend 2017 „Eng Weltrees“ zu Béiwen/Atert

21/10/2017 Mànnerchouer Béiwen/Atert

Och 2017 wousst de Béiwener Männerchouer säin treit Publikum mat engem originelle Lidderowend ze belounen.

Iwwer 270 Gäscht haten sech afonnt, fir hinnen nozelauschteren. Wéi all Joer goufen si virum Concert vum Sänger a Kach Jean-Claude Mathekowitsch a sengem Aarbechtsteam mat enger vill gelueften Assiette verwinnt.

D'Dirigentin Marguerite Thomé-Schmit, déi säit zwee Joer déi musikalesch Geschécker vum Männerchouer leed, wousst mat enger gelongener Auswiel vu Lidder a flotten Arrangementer ze iwwerzeegen. Déi 24 Sänger vum Béiwener Männerchouer hu Vollekslidder a Schlagere mat vill Asaz presentéert. Si goufe vun der Madame Christiane Parries-Schiltz an dem Här Daniel Mujzer um Fligel begleet.

Den Daniel Mujzer huet virum 2ten Deel mat drài Pianoswierker vu Mozart, Mendelsohn a Clyderman d'Publikum am Sall verzaubert.

Während dem ganze Concert huet dat begeeschtert Publikum ëmmer nees vill applaudéiert, dëst speziell bei dem bekannten Hit "Barbara Ann" mat als Solisten déi Béiwener "Beach Boys "aus dem Männerchouer: Serge an Tom Loos, Charel Parries a Charel Roemen.            

Och dëst Joer huet d'Madame Tania Pelaie vum Club des Jeunes Béiwen/Atert de Concert gekonnt mat kuerzen Erklärunge begleet.


Den Här Jos Regenwetter gouf vum Här Robert Mamer, Vicepresident vun der UGDA an dem Här Buergermeeschter Paul Mangen fir seng grouss Déngschter als aktive Sänger mat der "Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe" fir 60 Joer treie Sänger ausgezeechent.

Als Ofschloss sot de President André Loos nach eemol allen villmools Merci, déi sech, duerch hir fläisseg Hänn, all Joer nees op e neits fir d'Gelénge vum Béiwener Lidderowend asetzen.    

Photoen: Pierre Scholtes
Text: Jos Wildgen          

www.maennerchouer-beiwen.lu