Change Edition

Gelongene Concert mat neier Dirigentin, Männerchouer Béiwen / Atert

Och 2015 wousst de Béiwener Männerchouer säin treit Publikum matt engem originelle Lidderowend ze belounen.
Iwwer 150 Gäscht haten sech afonnt, fir hinnen nozelauschteren. Wéi all Joer gouf ab 19.00 Auer eng Assiette servéiert. Heifir en extrae Merci dem Sänger a Kach Claude Mathekowitsch a sengem Aarbechtsteam.
D’Madame Dirigentin Nikola Eckertová, déi säit engem Joer déi nei musikalesch Geschécker vum Männerchouer leed, wousst mat hiren ausgewielte Lidder ze iwwerzeegen.
Nieft hirer gudder Direktioun an der wichteger Begleedung um Piano vun der Madame Christiane Parries-Schiltz an dem jonken Daniel Mujzer, wousst den Här Adjudant-Chef Robert Hinger um Dudelsak während dem Concert weider Iwwerraschungsmomenter ze schafen.
De villsäitegen Lidderchoix war eng gelongen Auswiel vun volleksnoe Lidder, arrangéierten Schlageren, lëschtegen Drénklidder, traditionellen a méi aktuellen Juechtlidder, respektiv vereenzelten Filmmelodien.
Mat groussem Asaz goufen se interpretéiert vun den 20 Sänger.
Dat begeeschtert Publikum huet si ëmmer nees mat Applaus encouragéiert.
De Sänger Jos Wildgen huet mat kuerzen Erklärungen duerch de Concert gefouert.
Folgend Sänger goufen vum Här Robert Mamer, Interims- an Alterspresident vun der UGDA an dem Här Buergermeeschter Paul Mangen fir hir Déngschter als aktiv Sänger speziell ausgezeechent:

Mathekowitsch Claude (20 Joer Médaille de mérite en argent)
Becker Wolfram (30 Joer Médaille de mérite en vermeil)
Christiane Schlitz (40 Joer Médaille de mérite en vermeil avec palmette)
Jos Wildgen (50 Joer Médaille en argent Grand-Duc Adolphe)

Als Ofschloss sot de President André Loos nach eemol allen villmools Merci, déi sech, duerch hir fläisseg Hänn, all Joer nees op e neits fir d'Gelénge vum Béiwener Lidderowend asetzen.

Photoen: Pierre Scholtes
Text: Jos Wildgen

www.maennerchouer-beiwen.lu