Change Edition

Fir d'Eischt! Fir d'Zweet! Fir d'Drëtt! Kënnbake-Stee zu Béiwen/Atert

Eng vun den eelsten Traditiounen zu Béiwen ass ouni Zweiwel d’ Kënnbake-Stee op Valentinsdag.
Scho ganz fréi huet de Béiwener Männerchouer dës al Traditioun an d'Hand geholl.
Bis 1996 ass dës Stee am Fräie virun der Béiwener Gemeng ofgehale ginn. Zënterhier organiséiere si d’Stee am “CSC Lëtschert“ bei engem gudden Iesse mat “Judd“ oder “Paschtéit“. Dat flott Fest kennt och nach bis haut ee grousse Succès.
An enger feierlecher Mass zu Éiere vum Hellege Valentin, zelebréiert vum Här Paschtouer Joël Santer a klanglech verschéinert vun der Chorale Ste Cécile Miesdref-Pëtten-Essen, gouf e Kuerf voll gesolpert Fleesch geseent.
Ënnert der Regie vun eisem scho laangjärege Kichemeeschter a Sänger Jean-Claude Mathekowitsch, ënnerstëtzt vun engem fläissegen Team vun Helfer, sinn duerno am CSC Lëtschert gutt 200 Gäscht mat „Judd” oder “Paschtéit“ an hire Bäilage verwinnt ginn.
Nom Iesse koum et dann zum Versteeë vu Gesolpertes aus der Haascht: Kënnbäk, Ham, gereecherte Speck, Nëss an Zoossisse goufe gekonnt vun eisem Sänger Jos ELSEN versteet. Héchst gesteete Kënnbäk gounge bis 80€ an déi Grouss Zoossiss souguer bis iwwer 100€.
De Club des Jeunes vu Béiwen war de gléckleche Gewënner vun dëser Zoossiss. Bei hirem Merci hunn si d’Leit häerzlechst agelueden op hiert Buergbrennen, Samschdes den 9te Mäerz fir nieft Gedrénks, hinnen dann dës Zoossiss ze offréieren. Deen Erléis ass fir ee gudden Zweck.
Trotz deem schéinen, kale Wieder dobaussen hunn déi meescht Gäscht, all bei gudder Stëmmung, sech eréischt am fréien Owend op hiren Heemwee gemaach.

Männerchouer Béiwen/Atert/JW