Change Edition

2013: 50 Joer Männerchouer Béiwen/Atert, eng Réussite - Dirigentewiessel gelongen

Wéi all Joer am Januar huet um 25/01/2013 de Männerchouer Béiwen/Atert op seng Generalversammlung invitéiert.

De President André Loos begréisst ganz häerzlech d’ Éieregäscht Robert Mamer, Vertrieder vun der UGDA, d’Madame Nelly Clerf, bis 2012 Dirigentin vum Chouer, den Här Paschtouer a Sänger Joël Santer, de Claude Mathekowitsch, Vertrieder vun der Gemeng Béiwen a Sänger, an all aner Sänger an Unhänger vum aktive Gesangveräin vu Béiwen. Dem President Nico Mersch a sengem ganzen Organisatiounscomité vun der 50-Joerfeier seet hien een extrae Merci fir déi gudd organiséiert a gelonge Concerten duerch 2012. Musikalesch Héichpunkte waren do den iwwerzeegenden Optrëtt vun de Mainzer Hofsänger an den Ofschloss-Galaconcert mat de flotte Prestatioune vun der Lyra, Ettelbréck an dem Männerchouer Atertdaul.

Och 2012 huet nees ee pensionnéierten a laang aktive Sänger sie fir ëmmer verlooss, den Här Louis Müller. Déi vun hinnen déi d’Chance haten mat him ze sange wäerten hien a beschter Erënnerung halen.

Gudd gefëllten Aktivitéitsrapporten vun 2012 an och scho fir 2013, sou wéi dee finanziell gudden Zoustand vun der Kees wäerten de Béiwener weider eng zefridden Zukunft garantéieren. De Männerchouer huet entscheed gläich zwee Done vu jee EUR 250,- u sozial aktiv Vereenegungen ze maachen.

Den Här Robert Mamer an den Här Claude Mathekowitsch hu sech gefreet 3 verdéngschtvoll Akteuren ze éieren an ze felicitéieren :

Nelly Clerf – Ernennung zum "Chevalier de l’Ordre Européen du Mérite Musical"
Poli Koob – Médaille de Mérite en Vermeil avec Palmette (40 Joer)
Robert Weiten – Médaille de Mérite en Bronze (10 Joer)

Nom häerzleche Merci vum Här Paschtouer Joël Santer un de Veräin fir hier gudd gesangléch Begleedung an de Gottesdéngschter, gëtt hien nach Opklärungen iwwer déi zukünfteg Kierch an d’Erwaardungen un d’Kierchechéier zu Lëtzebuerg.

Den Här Robert Mamer seet a senger kuerzer Ried der Männerchorale vu Béiwen villmools Merci fir dat gelongent lescht Joer an huet de Veräin häerzlech agelueden 2013 un de Sängeraktivitéiten vun "150-Joer UGDA" deelzehuelen.

De neien Dirigent Jeff Mack freet sech op seng musikalesch Aarbecht beim Béiwener Männerchouer an hofft op eng laang a flott gemeinsam Zesummenaarbecht. Och de Béiwener President seet him doropper Merci fir säi musikalesch professionellt awer ganz mënschlecht Kënnen. Hien ass iwwerzeegt, dass mat him als Nofolger vum Nelly Clerf, ee gudde Choix getraff ginn ass an, dass de Männerchouer roueg och ënner senger Direktioun, 12 Joer kéint weiderfueren. Dofir bréicht de Chouer awer ouni Zweifel och weider de vollen Asaz vun all eenzelne Sänger.

Déi all Joer vum Männerchouer organiséiert „Kënnbake-Stee“ ass dëst Joer de 17. Februar 2013 am CCS Lëtschert zu Béiwen/Atert.

Virun engem gudde Patt a preparéierte Bréidercher zum Ofschloss gëtt dann nach per Applaus d’Mme Nelly Clerf als nei Éierendirigentin vum Béiwener Männerchouer opgeholl.

Text : Jos Wildgen // Foto : Pierre Scholtes

www.maennerchouer-beiwen.lu