Change Edition

D'Biwer Musek gratuléiert hirem Éiere-President Lucien Oly fir säin 90 Anniversaire.

Den Méindeg 25 Juli huet d ‘Musek vun der Gemeng Biwer hirem laangjäregen President an jëtzegen Éiere-President Lucien Oly zu sengem 90 Gebuertsdag gratuléiert. Mat e puer flotte Märsch an engem Happy Birthday doheem beim Gebuertsdagskand gouf een flotten Owend agelaut, deen dann mat engem gemittlechem Patt an flotten Anekdoten aus der aler Zäit ausklénge geloss gin ass.