Change Edition

Buergbrennen zu Biwer

No aaler Traditioun goef den Sonndeg Owend zu Biwer d'Buerg gebrannt. Géint 19:45 gong ët mat dem Fakelzuch vun der Biwer-Kiirch bis bei Buerg. No dem flotten Freedefeier Punkt 20:00 Auer, goef d'Buerg vun der lëscht bestuedter Koppel ungefangen. Verkaaf goeffen warm Würchtercher mat Sauermous, e Patt Glühwein fir déi Grous an een Chocky fir déi Kleng. Den Erléis vum Owend ass bestëmmt fir den Télévie.