Change Edition

Armand Drews 1956-2020 E puer Erënnerungen un en "alen"Kolleeg

Den Doud gehéiert zum Liewen…obschons mir dat Thema do gären tabuiséieren.

An trotzdem erschrecken mer emer nees, wann een eis matdeelt : Hues du schon héieren, den …oder d‘…ass dout! Oder mir liesen et an der Zeitung, oder online an engem Norichtenportal.

Wéi ech d’Noricht vum Arm sengem Doud op rtl.lu gelies hun, do war ech net nemen erschreckt an schockeiert, mee et ass glaichzeiteg e Film ofgelaf.

Et sën elo iwer 50 Joer hier, dass ëch dech zu Greiwemaacher an der Schoul kenne geléiert hun.

Du hues zwar um Nopeschduerf Brouch gewunnt, mee an der Zait, gouf et nach keng Regionalschoul, wou d’Kanner aus der ganzer Gemeng zesummen d’Schoulbank gedreckt hun – an och soss, gouf et keng Méiglechkeet fir sëch ze treffen.

Du hues mir vun Kueben geschwat, déi schwetzen konnten….
Zu Brouch wor demols eng vun denen gréisten Kolonien vun den Hierschtkueben oder Saatkrähen, wéi se op daitsch heeschen.

De Kueb hues du mir mat an d’Schoul bruecht, an den sutz an enger Kescht hannen am Schaaf.
Irgendwann, huet den sech dann während enger Stonn bemierkbar gemaacht, an den Proff, den leider net cool reageiert huet, hat déi passend Strof parat.

Déin Engagement fir eng Schülerzeitung, fir eng Schülerdelegatioun, an esou gung et weider.

Vun engem aneren Proff, dem sein Feinbild „déi vun déiseits der Musel“ wor, huet dech bewosst als Dreffs obgeruf an dech spieren gedoen, dass du keen vun eis wors.
Mir sënn allebéid spéider ob enger Bank „gelant“.

Am Zuch bis an d’Stad hunn ech dech du iwwerzeegt krut, fir an den OGB-L ze goen.
Du bass e Militant ginn, ech sënn wärend bal 50 Joer nëmmen “en einfachen” Member gewiescht.
Du wollts eng Erneierung an der Gemengepolitik an hues dech mat neien Iddien abruecht. Zesummen mat aneren Kolleegen, hu mir wärend e puer Joer, de „Roude Fuedem“ an der Gemeng erausginn, Diskussiounsforen organiséiert, asw.

Däin weideren Wee huet ons e bësschen auserneen bruecht, du waars iwwerzeegten Sozialist, ech wuer bei den Duerfleit „De Gréngen“.

Mir hunn ons aus den Aen verluer, mee eis ëmmer nees op Maniffen begéint, ob Fridden - an Cattenom Demonstratiounen, vir der elo nëmmen 2 opzezielen


De Fuedem wuer ni gerass, obwuel mir ënnerschiddlech Prioritéiten haten.

Delegéierten an engem Betrib ze sënn, wuer net meng Beruffung, obwuel’s du mech ëmmer nees probéiert hues , heivir ze begeeschteren.
Et deet mer leed Arm, wann ech der den Wonsch net erfëllen konnt!

An trotzdeem huet eis villes verbonnen. Däin Engagement fir déi sozial Benodeelegt, hei bei eis – an der sougenannter „Drëtter Welt“, huet och mech iwwerzeegt an do waren mir komplett ob der selwechter Linn.

Mir haten, wéi een esou schéin seet, dat selwecht Mënschebild wat ons virgeschwieft huet

An Erënnerung bleiwen mir vill kleng Anekdoten, däin frëndlechen Kär, däin schalkhafteg Wiesen.

Wéi dëst Joer ob Ouschtersamschdeg zu Boudler d’Klacken muerges gelaut hunn an Leit sech doriwwer verwonnert of Facebook geäussert haten (Klacken haten vergiess ze pilgeren…) du hues du geäntwert „Des Kéier wuer ech awer net…“
Dat war dat lescht, wat ech vun dir héieren hat, an et huet mech schmunzelen gedoen – dat do ass typesch Arm , hunn ech geduecht.

Du hues e bleiwenden Androck an mengem Liewen hannerloes an ech wäert nach méi wéi eng Kéier un esou kleng Storyen denken, dir mir erlieft hunn.
Du bass um Enn vun dengem Wee ukomm an du bass en mat Würd bis zum Schluss gaangen.

Méi ass dozou net e soen, Arm du alen Kämpfer an Weebegleeder.
Ausser nach : MERCI, dat et dech gouf.