Change Edition

Asivema Apérotour zu Lasauvage den 1. Juli 2018

LASAUVAGE

(Laut enger Legende krut d'Uertschaft hire Numm, wëll eng "wëll Fra" an enger Grott am Bësch gehaust hätt.)

Eng 30 Persounen konnten di interessant Ausféierungen vum lokale Guide (M…….)

lauschteren, den di ganz speziell Situatioun op der Franséisch-Lëtzebuerger Grenz erklärt huet, och wéi, am Dagebau resp. de Galerien, seit 1623 d'Erz ofgebaut gin ass, an dat bis 1978.

Mir konnten de Presbytère , den Sentier Hondsbësch an de Musée Eugène Pesch um Fouss vum Tëttelbierg besichen. Och konnte mer gesinn wéi d'Natur séch erëm erholl huet no der Fermeture 1978.