Change Edition

ASIVEMA APERO-TOUR ZU USELDENG

De leschte Sonndeg war den Depart vum Aperotour vun der Asivema am Millenhaff zu Uselding. Duerch den Hiesel erop an iwwert Heed gong et op Schandel.

Et war Kiermes am Duerf a mir sinn vun der Musek mam Hämmelsmarsch empfange ginn.

Um Groowenhaff vu Schandel huet den Uewergrof op eis gewaart a mir sinn villes gewuer ginn aus der Zäitgeschicht vun dem schéinen restauréierten Haff, am neogotische Styl 1780 erbaut.

Iwwert den Arelbierg koume mir op Iewerleng, och erem eng Uertschaft vu landschaftliche Betrieber geprägt. Am wonnerbar restauréierte Schlass, 893 erbaut, krute mir vun de Schlassleit vill Informatiounen aus der langer bewegter Zäit déi die mächtig Maueren dach gudd erdroen hun.

Begeeschtert vun der Natur a Kultur aus dem Deel vum Atertdall si mat flottem Schrack zreck op Uselding.

Fir Leit di interesséiert sinn all lëschten Sonndeg am Mount matzetrëppel, kënnen séch mëllen vis mail : info@asivema.lu