Change Edition

ASIVEMA APERO-TOUR ZU LORENTZWEILER

Zu Lorentzweiler, op der Gare, Richtung Blaschent (op dem Auto-Pédestre vun der Gemeng Lorentzweiler) hu mer, ënnert anerem, di mystérieis an ganz interessant Kapell "d'Fautelfiels" gesinn, eng Kapell die sech am Fiels an enger natiirlécher Grott vun ongeféier 9 x 4 Meter befënt, ganz verstoppt am Bësch op der Héicht vun Hielem.

D'Kënschtlerin Katarzyna KOT-BACH huet 3 d'Skulpture fir d'Kapell réaliséiert.

Während der franséischer Revolutioun goufen hei och heemléch Massen gehalen.


Bei Blaschent, vu Beem a Streiss ëmginn, as en originalgetreie Nobau vun engem Laanghaus aus der Jongsteinzäit ze gesinn mat Gaart an impressionantem Menhirkrees.


Nodeem mer di wonnerbar Vue iwwert de ganzen Dall genoss hun gong et rem Richtung Lorentzweiler.


Eise nächste Rendez-Vous as den 25.10.2020 zu Koplescht - Parking Wiertspesch, um 09.00 Auer.

Dono den 29.11.2020 geet et op Simmern, Rendez-vous um Parking um 09.00 Auer.