Change Edition

ASIVEMA APERO-TOUR ZU DALHEIM

Bei bëschtem Wieder si mer duerch d'Duelemer Bëscher getrëppelt. Duerch eise Guide, d'Madame Joëlle WAX, si mer gewuer gin dat viru 2.000 Joer op deser Plaz e bedeitend réimescht Duerf luch mat enger grousser a wichteger Kräzung (Ricciacus - mat 3.000 Awunner)


D'Stroos as gaang vun Marseille bis Ricciacus (ufangs wor se 5 Meter breet, dono bis zu 10 Meter an deelweis Iwwerdacht), an kräzt d'Stroos vun Tréier op Metz.


Mir hun e gallo-réimeschen Theater besicht mat engem groussen Tempelbezierk mat, bis elo, 60 entdeckte Griewer.


No desen interessanten, archeologeschen Ausféierungen si mir den Autopedestre ugaang, ennerwë hu mer nach e ettléches entdeckt, besonnesch di wonnerschéin Natur.


eisen nächsten Apero-Tour (hoffendléch dann erëm mat Apéro) as den 28 März zu Mertzeg um 09.00 Auer um Parking Turelbach.