Change Edition

Flott Wierker bei der Ausstellung " Konscht um Bill III" am MS DAY- CENTER ze bewonneren

Nach bis Donneschdes, den 1. Dezember kann een di flott Wierker bewonneren , déi am DAY-CENTER bei der "Ligue Luxembourgeoise de la sclérose en plaques" um Bill ausgestallt sin. Bei der Vernissagefeier ass d'Présidentin Tilly Metz méi genee op de Sënn an den Zweck vun deser Expo op desem schéinen Site agaangen. Si soll néi Leit drop opmierksam machen, dass et eis héi am MS DAY -CENTER um Bill gett. D'Leit sollen zesumme kommen an héi ee schéinen Dag verbrengen. Domader well gewise gin, dat fir di betraffe Leit, di sclérose en plaques hun, d'Liewe weider geet, si léieren höchstwahrscheinlech nach méi sech duerchzesetzen an intensiv ze liewen. Dorops hin huet d'Madame Tilly Metz deene fënnef Kënschtler Tom Flick ( Skulpturen), Maggy Kremer ( Keramik), Isabelle Lutz ( Gravuren), Dany Prüm ( Portraits) a Romain Schwind ( Eisenskulpturen) fir hier schéi Wierker félicitéiert an der Ausstellung e vollen Erfolleg gewönscht.
D'Ausstellung( Konscht um Bill III) am MS DAY-CENTER ass all Dag, an dat bis den 1. Dezember vun 14.00 bis 17.00 Auer ze besichtigen. Den Entrée ass fräi. ( FOTOEN: CHAREL REISER)