Change Edition

Pappendag 2018 bei de "WiddeBierger 50+"

Am Syrkus zu Roodt-Syr waren all Pappen, Bopien an Urbopien agelueden ,fir sech zesummen feieren ze loossen. Ee perfekt Mëttegiessen, ee gudde Pättchen an eng gutt Ambiance hun dozou beigedroen, datt de Nomëtteg e volle Succès war.All Hären kruten e praktesche Cado iwwerreecht an dozou och nach e Glas Aprikosengebeess.Eng schéin Tombola war och derbäi.

Den nächste Rendez-Vous ass zu Betzder am "Relais du Chateau",wou d´Jubilaren mat engem ronnen Gebuertsdag geéiert ginn.