Change Edition

Bewunner- a Personaléierung am Institut St. Joseph zu Betzder

Dënschdes, den 19 .Mäerz 2019 huet d’Bewunner- a Personalfeier am Institut St Joseph zu Betzder stattfonnt. No der feierlecher Mass an enger personaliséierter Ried gouf deene laangjärege Bewunner a Mataarbechter mat Iwwerreechung vun engem Cadeau Merci gesot.

D’Bewunner konnten stolz op 10, 40, 50 an 80 Joer am Institut St Joseph zréckkucken. 10, 20 an 30 Joer konnten d’Mataarbechter vun der Yolande asbl souwéi der Yolande COOP am Institut St Joseph feieren.

Mat engem gudde Maufel am Festsall konnt d’Feier an enger gudder Ambiance ausklénge gelooss ginn.