Change Edition

Visitt vun der Staat Aachen an Monschau

Den Soft Gym Grupp vun den Gemengen Beetebuerg an Leideleng war och dëst Joer erëm kulturell ënnerwee.

Nodeems den Bäcker Klein hinnen Geheimnis vun den Printen an senger Bäckerei erkläert huet, ass et an Staat vum Karl de Groussen gaangen. Bei sonnegem Wieder hunn 2 Guiden den Grupp duerch Aalstaat gefouert, wou si vun den Thermen bis hin zur Domschatzkammer alles gewisen an erkläert kruten .

Sonndes war nach eng Visit an der Brauerei zu Monschau. Mat engem Guide ass et ob den Tour "Monschau zum anbeissen " gangen. Geschicht vun der klenger Staat ass interessant erkläert ginn an um Wee hun verschidden Geschäftsleit hier lokal Spezialitéiten ugebueden. Sécher ass dat nächst Joer, den Soft Gym Grupp nierft senger sportlecher och erëm eng kulturell Aktivitéit wäert maachen. (Hoerold Mariette)