Change Edition

"Supporterclub" vum Cent Buttek op der Braderie zu Beetebuerg

Op Initiativ vum Pier MOOS, de Papp vun der Iddi vun den Cent Butteker a.s.b.l., sinn op engem Stand vun der Braderie zu Beetebuerg d'Leit gefrot ginn fir en Don ze machen fir déi sozial Aktioun, wou iwwer 100 Bénévoler elo op 3 Plazen am Land (Beggen, Beetebuerg a Lamadelaine) am Asaz sinn. Iwwer 600 Euro sinn esou bei enger klenger Feier vum Pier MOOS, Maggy a Fränz EISENLÖFFEL un de Präsident Arthur ZEIMET iwwerreecht ginn.
Merci am Numm vun de Famillen, déi op eis Hëllef ugewise sinn!