Change Edition

De "Bijou" Home St Luc

No 3 Joer Renovatiounsarbeschten ass den Home St Luc vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten e richtege "Bijou" ginn.

Alleguert déi Firwëtzeg ënnert iech, kënnen sech dëse Sonndeg e Bild vum
Scouts-Home maachen, wéi schéin a modern e ginn ass. D’Porte Ouverte fänkt um 14h am Kader vun der Guiden- Scoutskiermes un, wou och de ganzen Daag iwwer fir flott Animatioun gesuergt ass, a wou secherlech keen hongreg oder duschtereg muss Heem goen. (C.)

De geneeë Programm fënnt een um Internetsite: www.emmerbereet.lu