Change Edition

Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg - Concert Jubilaire 100 Joer

08
Dec
2019
08 Dec

D'Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg invitéiert op hire Concert Jubilaire 100 Joer Sängerfreed den 8. Dezember 2019 um 17.00 Auer an der Dekanatskierch vu Beetebuerg.

Um Programm stinn Weihnachts-Oratorium vum Johann Sebastian Bach, Messias vum Georg Friedrich Händel a bekannte Krëschtlidder. D'Chorale séngt, begleet vum Orchester Estro Armonico, mat de Solisten Gaby Wolter-Boever, Sopran; Manou Walesch, Alto; Jean-Paul Majerus, Bass; ënnert der Direktioun vum Nancy Back-Kelsen.