Change Edition

Mobilitéit um Velo duerch de Préizerdaul



Préizerdaul: Am Kader vun der Aktioun“ Mobilitéit am Kanton Réiden“ waren all Velofuerer aus denen 10 Gemengen aus dem Kanton Réiden während den September- Weekender, op Initiativ vum Réidener Mobilitéitsatelier mat dem Caroline Schmit als Klimaberoderin un der Spëtzt , invitéiert gin, fir mat de Gemengevertrieder zesummen um „Tour du Duerf 2020“ deelzehuelen. Esou wi och am Préizerdaul , wou eng Reih vu begeeschterten Velofuerer e flotten Tour vun ronn 15 Kilometer iwert den Territoire vun der ganzer Gemeng konnten ënnerhuelen, fir awer och vun der Geleeënheet ze profitéieren, fir hir Iddien an eventuell Verbesserungsvirschléi ervirzebrëngen, fir de Velo an Zukunft méi attraktiv an der Gemeng ze gestalten. (CHAREL REISER)