Change Edition

Een neit Buch vum J.M. Backes !

De Jean-Marie Backes huet aus sengem neie Buch „Nächste Ausfahrt: Alltag“ am Becheler zu Bereldeng viergelies. Beim Artikel „Der Hüter des nationalen Liedguts“ geet et ëm de Lëtzebuerger Lidder Archiv (ëm déi 4000 Lidder) vum Jean Kandel, ma och ëm de Becheler

Gesank, deen hien virun 10 Joer opgebaut huet an dee vum Michel Winter um Piano begleed gëtt. Et sinn och aner interessant „Alldag Geschéien“ an Leit mat hiren Hobbyën beschriwwen. Wat awer speziell an eemoleg a senge Bicher ass, dat sinn d’Komentaren déi de Jean-Marie Backes schreift zu Notitz-Ziedelcher déi dir verléiert oder eweggeheit an déi hien dann asammelt an analyséiert. Fir ee flotten a lëschtegen Liesowend kann een dem Jean-Marie seng Bicher nëmmen uroden, d’Zäit gëtt séchelech kengem laang beim Liesen.

���g �@A�