Change Edition

"Becheler Sänger" on Tour

Grad um « Fest vun der Musik » woaren "d'Becheler Sänger" den 16. a 17. Juni on Tour. Am Cipa « bei der Sauer » zu Dikerech fir den Nationalfeierdag vierzefeieren an am Centre Prince Henri zu Walfer fir, mat dem Gaard an Heem, de Mammendag nozefeieren.

Mat Piano Begleedung vum Michel Winter, ënner der Leedung vum Jean Kandel hu si d'Säll voll Stëmmung bruecht. Mam Veräins- Lidd : "Mir si vum Becheler d'Sänger" an "Ech si fein eraus, ech hunn d'Pensoun", Weis a Wierder vum Jean Kandel, hu si sech virgestallt an hir Astellung zu dem Lëtzebuerger Liddergutt ausgedréckt.

Bei "Dicksiana' – "Kättche Kättchen" - "Den Téiwesbuer" oder "d'Hechtercher aus der Stad" hun all Gäscht aus vollem Häerz a Long matgesongen. Ma och de „Wäimarsch“ an d’Lidd vum „Lift am Pafendall“ si mat Begeeschterung begréisst ginn. Duerfir ass eist Leedwuert:

„Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen!“

richteg a wichteg fir dee Kulturpatrimoin ze erhalten an nei opzebauen.

Wien nach Lidder vu fréier huet soll déi gäer an den Archiv ginn fir datt déi nächst Generatiounen se och nach kenne léieren. - jkandel@tango.lu -