Change Edition

10 Joer „Becheler Sänger“

Den 22. Oktober 2008 hunn 25 Senioren sech am Becheler zu Bereldeng getraff fir ze sangen.

Et gouf festgehal 1 mol am Mount zesummen ze kommen fir do dei Lëtzebuerger Lidder heich ze halen.

De Jean Kandel, Lëtzebuerger-Lidder-Archivar, huet d’Leedung iwwerholl an de Guy Lucas huet de Gesank um Piano begleed. Dat ganzt huet sech séier als groussen Erfolleg bewisen, esou dass de Veräin haut nach méi wéi je aktiv ass. D'Pianobegleedung huet, nom Doud vum Guy Lucas, de Michel Winter iwwerholl.

No 10 Joer woare si 155 mol zesummen, dovun 36 mol fir Concertën an 10 mol hu si d’Octav-mass fir déi „Häerzoperéiert“ (ADOC) gesongen. D’Begeeschterung fir d’Sangen, besonnesch fir d‘Lëtzebuerger Lidder, ass bliwwen a si wäerden dee Kultur-Patrimoine och wieder an Eier halen.

Mam Gebuertsdags-Kuch an engem wuelverdéngte Pättchen vum Becheler-Team opgedëscht, gouf d’Feier ofgeschloss.