Change Edition

Neijoerspatt vun der Gemeng Bäertref am Kulturzentrum «A Schmadds»

Den Samschden 12. Januar haten den Schäffen-a Gemengerot vun der Gemeng Bäertref all d’Mataarbechter vun de verschiddene Servicer an d’Memberen vun de Kommissiounen an de Kulturzentrum «A Schmadds agelueden» vir hinne fir hiren Engagement am Joer 2018 Merci ze soen. Niewent dem traditionnelle Réckbléck ob dat vergaangent Joer, gouf der Madamm Florence Braun-Ludwig fir hir 25 Joer als Léierin an der Bäertrëffer Grondschoul e klenge Kaddo iwwerreecht. Musikalesch encadréiert gouf den Owend vum Vocal Jazz Ensemble an dem George Letellier Trio vun der Iechternacher Museksschoul.