Change Edition

Gëllen Hochzäit Pierre Daleiden a Justine Muller

De viregte 27. September waren et 50 Joer hier, dat sech de Pierre Daleiden an d’Justine Muller ob der Gemeng zu Bäertref d’Jo-Wuert ginn hunn. Gebierteg vun Dickweiler ass de Pier Ufank de 60 Joren ob den Hongeschhaff komm an huet sech do an d’Justine verléift, dat hei gebuere war. Den Hongeschhaff ass een’t vun den eelsten Gebaier an eiser Gemeng. Seng Geschicht geet bis an den 11. Joerhonnert zeréck. Nom 2. Weltkrich huet d'Famill Muller an duerno Daleiden den Haff zou engem moderne landwirtschaftleche Betrib ausgebaut. D'Justine an de Pier waren allebéid aktiv an d'Gemengewiesen agebonnen. D’Justine an de Bäertrëffer Fraen a Mammen an de Pier als Komiteesmember an der Bäertrëffer Musek an als Member am Gemengerot vun 1976 bis 2005 dovunner 12 Joer als Schäffen. Am Betrib hëllefen sinn nach ëmmer mat an ënnerstëtzen hire Jong bäi senger Aarbecht. Zwéi Kanner an zwéin Enkelkanner sënn hire Stolz. Um Hongeschhaff war et ëmmer flott wann et eppes ze feiere gouf. Sou konnt de Schäfferot bäi der Éierung vun der dynamescher Koppel fir hire 50. Hochzäitsdag e laangen a lëschtegen Owend mat villen Anekdoten a Spiichte vu fréier erliewen. Den nächste Rendezvous ass dann hoffentlech net eréischt déi Diamanten Hochzäit.