Change Edition

Gëllen Hochzäit Ferreira Antonio José an Martins Alda Maria vun Bäertref

Den Här an d’Madamm De Jesus Ferreira Antonio an Da Silva Martins Alda Maria sënn den 28. Dezember 1967 zu Tojalinhos a Portugal bestuet ginn. 1972 hunn sie decidéiert ob Lëtzebuerg auszewanderen, als éischt op Iechternach an dunn am Abrëll 1993 ob Bäertref, wou sie säit deem an hirem eegenen Haus um Wues wunnen. Sie fillen sech gutt integréiert a genéissen d’Léiwen an eiser klenger Uertschaft. Erwäne kann een nach , dass den Här De Jesus Ferreira während 33 Joer am Garage Schneiders zu Iechternach geschafft huet Ass dësem Bestietnes sënn zwéi Kanner an en Enkelkand ervir gaangen. De Schäfferot huet deenen zwéi Jubilaren d’Felicitatioune vun der Gemeng iwwerbruecht, a gouf duerfir häerzlechst vun hinnen an hirem heemlechen Heem empfaangen.