Change Edition

Diamanten Hochzäit vum Georges Lucas an dem Gilberte Ries

Diamanten Hochzäit vum Georges Lucas an dem Gilberte Ries 60 Joer ass eng laangen Zäit. De leschte 7. Februar hunn de Georges Lucas an d’Gilberte Ries hir Diamanten Hochzäit kenne feieren. Allen zwéi gebierteg vu Bäertref, 1936 respektiv 1935, hunn de Kiischte Georges an d’Gibby, wéi se vun den ale Bäertreffer genannt ginn, hir Kandheet hei zesumme verbruecht, an dat besonnesch während der schwéierer Zäit vum 2. Weltkrich. No deem se 1959 bestuet gi sënn, hunn sinn de Familljebauerebetrib an der Bruttgaass weidergefouert. Mä spéider huet de Georges nach zousätzlech eng Aarbecht ob der Goodyear ugeholl. De Georges war laang Zäit aktive Member an der Harmonie Bäertref an och President vum Gesangveräi wou hien och nach haut als Tenor aktiv ass. Et ass ëmmer Léiwen a Kiischten, besonnesch wann déi dräi Kanner, fënnef Enkelkanner an dat kléngt Urenkelkand ob Besuch sinn. Et war dem Schäfferot eng Éier fir der glécklecher Koppel d‘Gléckwënsch vun de Bäertrëffer Bierger ze iwwerbréngen an hinnen nach vill gemeinsam Joren ze wënschen.