D’Integratiounskommissioun vun der Gemeng Bäertref hat viru Kuerzem all déi nei Bierger déi am Laf vu Mee 2018 bis Mee 2019 an d’Gemeng geplënnert waren, op e Wëllkommspatt agelueden.
De Jean Schoos, Conseiller a President vun der Integratiounskommissioun huet während senger Presentatioun den Invitéen e puer nëtzlech Informatiounen iwwer d’Gemengeservicer ginn. Duerno kruten déi lokaler Veräiner d’Méiglechkeet hir Aktivitéite virzestellen.
Beim Patt haten déi néi Bierger d 'Méiglechkeet déi gewielte Gemengevertrieder, d'Gemengepersonal souwéi d’Vertrieder vun de Kommissiounen a Veräiner kennen ze léieren.