Change Edition

Welt- a Landesmeeschter um Podium

An de vergaangene Méint stoungen eng Rei Beeforter mat enger Gold-, Sëlwer- oder Bronzemedail um Podium. Verschiddener vun hinne stounge souguer méi wéi eng Kéier drop a bei den internationale Meeschterschaften hu si nieft Lëtzebuerg och Beefort vertrueden.

De Schäffen- a Gemengerot huet déi aussergewéinlech Leeschtunge félicitéiert an d’Sportler op “hire Podium” an der Gemeng agelueden. Zu Éiere koumen d’Tania Thielen (Vizeweltmeeschterin am Indiaca mat der Lëtzebuerger Nationalekipp am Open Mixed zu Rozogi a Polen), d’Anetta a Klara Mosr (Landesmeeschterinnen an hire jeeweilege Gewiichtsklassen am Judo; beim “Ploiesti Cadet European Cup 2017” a Rumänien huet Anetta déi éischt Plaz an d’Klara déi drëtt Plaz beluecht an all zwee konnten d'lescht Saison aussergewéinlech Resultater bei internationale Tournoien virweisen) an de Mato Ivelj (Bronzemedaill an den Eenzelmeeschterschaften “Herren Veteranen B” am Keelen).

Am Abrëll war d’Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun zu Sofia a Bulgarien. Am 25 Mann staarke Kader spillen der zwielef beim IHCB: Michel Welter, Joel Holtzem, Cedric Farinon, Ben Houdremont, Mirko Mosr, Benny Welter, Bob Linster, Nicolas Mossong, Eric Wambach, Xavier Thill, François Schons a Kai Linster. Mam Robert an Thierry Beran stoungen zwee weider Beeforter um Äis, déi allerdéngs beim Tornado spillen. An der Finall hu se 10:4 géint Bulgarien gewonn.

Nodeems se jorelaang an der däitscher Rheinland-Pfalz-Liga gespillt hunn, huet den IHCB d’lescht Joer ee Wiessel vollzunn a spillt an der belscher Division 1. Hei waren eelef Ekippen ugemellt an direkt an der éischter Saison konnte si déi zweet Plaz hannert de “Cold Play Sharks” aus Mechelen beleeën. Nieft den zwielef Weltmeeschter gehéieren nach dës Spiller zu der éischter Ekipp: Piotr Swideret, Sven Cruchten, Claude Mossong, Kevin Strebel, Thierry Holtzem, Dennis Grönlund, Miro Mosr, Yvan Boumal, Brian Schleimer a Ricky Barciela da Guia. Festzehalen bleift och nach, datt de Beeforter Spielertrainer Benny Welter beschte Scorer an der Liga ginn ass.