Change Edition

Paradoxe Kuba

27
Sep
27 Sep

Vu Kuba kennt een Zigaren, Buena Vista Social Club an amerikanesch Autoen aus de Fifties. Mee wou ass d’Land mat senger räicher Natur a vereelsten Kolonalstied drun, no 60 Joer Castro-Regime an amerikaneschem Embargo.

D’Konferenz féiert op eng Rees duerch Landschaft, Kultur, Geschicht an aktuell Entwécklung vun der Karibikinsel.

NOM VIRTRAG ËM 21 AUER :
DEGUSTATIOUN/ EXPLIKATIOUNEN IWWERT RHUM VU KUBA MAM FRANÇOIS BERNARD


Fräien Entrée
De Virtrag an d’Degustatioun ginn op Lëtzebuergesch gehalen


Eng Umeldung ass erwënscht via www.dmillen.lu
info@dmillen.lu · Tel :+352 691 510 370/372