Change Edition

D'Schanzer Cabarotiker mam Programm "Cabarock"

Och dëst Joer hunn d’Schanzer Cabarotiker op 5 ausverkaften Virstellungen am Gemengesall zu Bech hiren aktuellen Programm gespillt, ënnert dem Motto “Cabarock” Dem Motto entspriechend goufen aktuell national an lokal Themen – ënnert anerem Nationalwalen – mat Hellef vun zahlreichen bekannten Musekstecker op eng witzeg Aart a Weis op d ‘Schëpp geholl. Mat engem Mix tëschent Sketcher, Lidder an Dànz – “performt” vun Cabarotiker tëschent 3 an 55 Joer - goufen d ‘Leit während 2h30 gudd ënnerhalen. An der Paus gouf vir dei néideg Stärkung gesuergt. Hei eng kleng Auswiel vun den Sketcher an Lidder: Iechternach spréngt (net méi) – Händysitting - Kleng Paus fir all Rocker ♪ - Fake News – Bechgeflüster oder Palastgeflüster.