Change Edition

LJBM-Schüler treffen den EU-Kommissär Nicolas Schmit

D’Klass 2CBC aus dem Lycée Josy Barthel Mamer huet un enger Diskussioun mat dem Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit deelgeholl. De Schwéierpunkt vun de Froen loung bei den Themen “ee soziaalt Europa” a “Jugend an Europa”. Dësen Evenement gouf organiséiert vum European Direct Information Centre (EDIC) op der Uni Lëtzebuerg. Wéi komplex Europa ass, hunn net nëmmen d'SchülerInnen entdeckt, mee och dee grousse Public, deen um Site vun der Uni Lëtzebuerg versammelt war.