Change Edition

LJBM-Schüler beim Service Geoportail

D’Schüler vun de Klassen 2eCG URBS an d’3eCG URBS aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) haten d’Méiglechkeet fir an hirem Cours ‘Géographie Territoriale Appliquée’ eng Visitt beim Service Geoportail an der Administration du Cadastre et de la Topographie du Luxembourg ze maachen.

Um Programm stoungen fir den theoreteschen Deel d’Präsentatioun vum Geoportail, also der offizieller Plattform fir Geographesch Daten an Déngschtleeschtungen, souwéi d’Veraarbechtung vun den Orthophotoen an d’Erklärungen zum zukunftsorientéierten Projet LiDAR (Light Detection and Ranging) mam Här Tom Wantzenrieder.

Um Terrain huet den Här Marc Wagener mat senger Equipe en Abléck an d’Vermoossungstechniken dobausse ginn, woubäi d’Schüler mam Tachymeter a mam GPS schaffe konnten. Erëm zeréck am Büro hu si dunn d’Veraarbechtung vun den Donnéeën am Geonis präsentéiert kritt.

Et war en immens gelongenen a léierräichen Dag, bei deem d’Schüler interaktiv geschafft an een dynameschen an zukunftsorientéierte Betrib mat sëllege Beruffsméiglechkeeten kennegeléiert hunn.