Change Edition

Festival des Jeunes Talents - Bartrenger Piano Trail

Vum 11. bis den 20. Mee 2019 kënne Jonker bis 21 Joer am Kader vum "Festival des Jeunes Talents" um Pianos Concours "Bartrenger Piano Trail" deelhuelen. Op 4 Plazen am Duerfzentrum steet jeeweils e Piano, op deem déi Jonk spillen a sech dobäi um Handy filme kënnen. Et gi schéi Präisser an zwou Alterskategorien ze gewannen. Weider Informatioune fënnt een op der Plaz selwer an op der Homepage vun der Bartrenger Gemeng. Verschidde Pianoe si flott bemoolt gi vu Kanner aus der SEA an der Précoce.


Text: Guy Weirich

Foto: Joëlle Flammang